Detektéiert d'Präsenz vu Persounen, déi sech eventuell bei Iech erëmdreiwen. Anticipéiert Abréch, fir Är Sécherheet an déi vun de Leit ronderëm Iech ze garantéieren. De Baussenalarm avertéiert Iech, soubal een op Ären externen Terrain andréngt. Domat sidd Dir géint Persounen, déi sech erëmdreiwen a Missetäter geschützt.
Et gi verschidden Zorte vun Infraroutbarrièren: si schaffe mat 2 bis 4 Detektiounsstralen. Am Banneberäich läit d'Detektiounsräichwäit bei 60 Meter fir d'Ofsécherung vun Hangaren oder Geschäftsraim. Fir de Baussebräich, d.h. Wisen, Gäert oder Felder, ass d'Räichwäit op 30 Meter reduzéiert. De Stral geet vun der Barrière aus, gëtt dann un d'Borne iwwerdroen an analyséiert. Wann e puer Stralen ënnerbrach ginn, gëtt dëst un d'Zentral gemellt an den Alarm gëtt ausgeléist.
Méiglech Utilisatiounen: Ofsécherung vun Equipementer ronderëm d'Haus, wéi z.B. Piscinnen…
Ultraperformant Produiten, déi fir de Wunnberäich oder professionell Zwecker gëeegent sinn: Innovatioun, Leeschtung, Diversitéit.
Zousätzlech a recommandéiert Geräter: Mikrowell/Infrarout Bausseradar vu CROW, Mikrokabel, asw.
Kontaktéiert AT-Electronics
Gratis Devis iwwert d'Telefonsnummer
+352 26 61 56 71
oder fëllt eise Formulaire aus »
AT-Electronics Lëtzebuerg as den Expert fir Sécherheet zu Lëtzebuerg. D'Firma ass spezialiséiert op Iwwerwaachungs- an Alarmsystemer mat an ouni Kabel a verfügt iwwer eng komplett Gamme u Produiten, déi sech un all Besoinen upassen. Hir gesetzlech zougeloossen Apparater hëllefen, Strofdoten ze prevenéieren, ze melden an ze verhënneren. AT-Electronics stellt fir all privat, professionnell oder fir Wunnzwecker benotzte Raimlechkeeten qualitativ héichwäertech Spëtzentechnologie zur Verfügung, ënnerstëtzt vun engem professionellen Iwwerwaachungszentrum, Gs4 Lëtzebuerg, dee permanent mat de Rettungsdéngschter an der Police a Verbindung steet.