Kontrollsystemer a geséchert Gestion vun den Accèsen

You are here

Eurotec clavier coder

Geséchert Accèsen

Benotzt e Securisatiounssystem fir d'Fluxen vu Persounen an Äre sensibele Beräicher ze kontrolléieren an den Zougang dozou ze geréieren. Esou kënnt Dir deene Persounen, déi Dir am Virfeld ausgewielt hutt, Accès zu verschiddene Beräicher ginn oder dësen aschränken.

Fir d'Sécherheet an d'Diskretioun vun Ären Aktivitéiten ze garantéieren, bidde mir Iech securiséiert Kaarten a Badgen, souwéi mechanesch zouverlässeg Lecteure mat resistente Schlässer. Dës Apparater kënnen doriwwer eraus souguer iwwer eng benotzerfrëndlech Internetinterface geréiert ginn.




En Devis ufroen

Alarmanlag ouni Kabel

Biovein

Biovein: déi biometresch Léisung

Erkennung iwwer e Badge oder de Fangerofdrock mam Venemuster.

Solo

Solo

Digital Analyse oder iwwert e Badge.

Lecteur SC-106

Lecteur SC-106

Liese vun der Proximitéits-Analyse. Integréierte Clavier.

Léisungen

Interfacë fir d'Gestioun vun den Accèsen
AT-Electronics bitt eng komplett Gamme vun technologesch héich entwéckelte Produiten un, mat deenen d'Accèse securiséiert kënne ginn.

Dës Produite sinn zouverlässeg, efficace a polyvalent, a passe sech perfekt un Är Besoinen un. Et ginn dräi verschidden Typpe vun Systemer ugebueden:

  • Komplex Systemer fir Operatiounen am Reseau, speziell gëeegent fir grouss Industrien.
  • Intermediär Systemer fir grouss Raimlechkeete wéi Akafszentren, Lager, grouss professionell genotzte Raim,...
  • Kompakt Systemer fir d'Iwwerwaachung vun Diere bei eenzelne Geschäfter a Raimlechkeeten.

Kontaktéiert AT-Electronics
Gratis Devis iwwer d'Telefonsnummer
+352 26 61 56 71
oder fëllt eise Formulaire aus »