Dateschutz

You are here

AT-Electronics leet vill Wäert drop, Är Privatsphär ze respektéiren, wann Dir eisen Internetsite besicht an ass sech bewosst, wéi wichteg dat fir Iech ass. Mir beméien eis deemno mat alle Mëttel drëm, fir Är Privatsphär ze schützen, wann Dir eise Site benotzt. AT-Electronics sammelt op dësem Internetsite op verschiddene Plaze perséinlech Donnéeën. Dat geschitt iwwer elektronesch Formulairen, déi Dir ausfëlle musst, wann Dir e Produit oder e Service bestellt, wann Dir Iech op eng Newsletter abonnéiert Informatiounen ufrot, un engem Sondage oder engem Gewënnspill deelhuelt oder wann Dir ee vun de Servicer an Usproch huelt, déi op dësem Site ugebuede ginn.

Dës perséinlech Donnéeën, déi Dir eis iwwert eis Formulairen iwwermëttelt, ginn an Fichieren vun AT-Electronics gespäichert. Si gi benotzt, fir Iech dee gewënschte Service ze erbréngen oder Informatiounen ze ginn an Iech iwwer aner Produiten, Servicer a Promotiounen vun AT-Electronics ze informéieren. Wann Dir dës Informatiounen net a Pabeierform oder iwwer E-Mail kréie wëllt, fannt Dir am Text ënnen all Detailer iwwer d'Demarchen, déi an deem Fall ze maache sinn. Dir hutt Recht op Zougang zu dësen Donnéeën an op Rektifikatioun. Laut dësem Recht kënnt Dir eng datéiert an ënnerschriwwen Ufro zesumme mat enger Fotokopie vun Ärer Carte d'identité un AT-Electronics schécken. D'Bases de données, an deenen Är Donnéeë gespäichert sinn, si géint all onbefugten Zougrëff geschützt. Et ass méiglech, dass AT-Electronics Drëttpersounen erlaabt, an hirer Plaz op Donnéeën zouzegräifen. An deem Fall hu si awer nëmmen Zougang zu den Donnéeën, déi si brauchen, fir hir Aufgab erfëllen ze kënnen. Fir de Rescht ginn déi gesammelt Donnéeën op kee Fall, ausser et ass ausdrécklech vereinbaart, un Drëttpersoune kommunizéiert. Nëmmen déi Donnéeën, déi Dir eis eventuell autoriséiert hutt, am Telefonsbuch ze publizéieren, si fir Drëttpersounen zougänglech.

Eisen Internetsite benotzt Cookies. Et handelt sech dobäi ëm kleng Fichieren, déi iwwert de Serveur, op deem de Site hebergéiert ass, um Hard Disk vun Ärem Computer installéiert ginn, wann Dir den Internetsite besicht. De Code an deem Cookie erlaabt et, Äre Computer bei enger nächster Visite ze erkennen. D'Coockies gi benotzt fir z.B. Är Präferenzen bei de Sproochen ze spächeren, fir dass de Site bei Ärem nächste Besuch direkt an där vun Iech gewielter Sprooch affichéiert gëtt. Mir enregistréieren déi Säiten, déi Dir op eisem Site consultéiert hutt. Mir benotzen dës anonymiséiert Informatioune fir d'Qualitéit vun eisem Site fir Iech ze verbesseren. Wann Dir Client bei AT-Electronics sidd a keng kommerziell Informatioune vun eis iwwer E-Mail kréie wëllt, dann informéiert w.e.g. Ären Account Manager um +352 26 61 56 71.