Dir iwwerwaacht den Accès op bis zu 16 verschiddene sensibele Plazen mat engem Video-Iwwerwaachungssystem, dee bis zu 64 Kamerae benotze kann.
Egal ob Dir op der Plaz oder fort sidd, et ass net ëmmer méiglech, Är Liewensberäicher oder professionell genotze Raimlechkeeten ze surveilléieren. Genee sou wéineg kënnt Dir d'Sécherheet von Äre Léifsten an Äre Wäertsaache permanent garantéieren.
D’Video-Iwwerwaachung wierkt ofschreckend géint Abréch. Dës Weidere gëtt all eventuell Strofdot an Echtzäit opgeholl, 7D/7, 24St/24, an erlaabt Iech esou, e Beweis fir dës Strofdot ze erbréngen an den Täter eventuell ze identifizéieren.
D’Installatioun vun engem Video-Iwwerwaachungssystem ass eng komplementär Léisung zu Ärer Basis-Alarmanlag. Dëst technescht Instrument huet eng wichteg Aufgab: Strofdoten, Infraktiounen, oder versichten Abréch ze filmen an ze späicheren, an zwar aus der Distanz.
D'Kameraen, déi an de verschiddene Raim an Zëmmeren installéiert sinn, si mam IP-Opnahmegerät verbonnen. Iwwer e Computer, e Smartphone oder en Tablett kënnt Dir Iech mat enger Internetinterface connectéieren. Dir kënnt déi gewënschte Sequenze kucken an eroflueden.
Egal ob Dir iwwer Wifi pder RJ45-Kabel connectéiert sidd, d'Funktionalitéite vum Programm sinn déi selwecht: Recherche an Export no Datum an Auerzäit, wou de Schued entstanen ass. Och wann een dës Zort vun Equipementer an deene meeschte Betriber fënnt, ginn et ëmmer méi Privatleit, déi sech fir dës Léisung fir hiert Appartement oder Haus decidéieren.
AT-Electronics Lëtzebuerg as den Expert fir Sécherheet zu Lëtzebuerg. D'Firma ass spezialiséiert op Iwwerwaachungs- an Alarmsystemer mat an ouni Kabel a verfügt iwwer eng komplett Gamme u Produiten, déi sech un all Besoinen upassen. Hir gesetzlech zougeloossen Apparater hëllefen, Strofdoten ze prevenéieren, ze melden an ze verhënneren. AT-Electronics stellt fir all privat, professionnell oder fir Wunnzwecker benotzte Raimlechkeeten qualitativ héichwäertech Spëtzentechnologie zur Verfügung, ënnerstëtzt vun engem professionellen Iwwerwaachungszentrum, Gs4 Lëtzebuerg, dee permanent mat de Rettungsdéngschter an der Police a Verbindung steet.