Mat dësem Service an eisem Partner Securlink si mir permanent disponibel fir an engem Noutfall ze reagéieren. Eis Solutioun Tele-Iwwerwaachung bitt Iech Sécherheet géint Abréch, Geforen, Feierschied oder Strofdoten. Eise Service passt permanent op Iech an Är Wäertsaachen op. Mat eisem System kennt dir berouegt schlofen. Är Wäertsaachen an d’Léit, déi Iech nostinn sinn an Sécherheet!
Nodeems Är Sécherheetsapparater en Abroch, den Ufank vun engem Brand, enger Gasfuite oder enger Strofdot festgestallt hunn, senden si e Signal aus, dat direkt un eis Telesurveillance-Zentrale transferéiert gëtt. Si informéieren dann direkt déi Persounen, Hëllefs- oder Interventiounsdéngschter, déi am Viraus festgeluecht goufen.
AT-Electronics Lëtzebuerg as den Expert fir Sécherheet zu Lëtzebuerg. D'Firma ass spezialiséiert op Iwwerwaachungs- an Alarmsystemer mat an ouni Kabel a verfügt iwwer eng komplett Gamme u Produiten, déi sech un all Besoinen upassen. Hir gesetzlech zougeloossen Apparater hëllefen, Strofdoten ze prevenéieren, ze melden an ze verhënneren. AT-Electronics stellt fir all privat, professionnell oder fir Wunnzwecker benotzte Raimlechkeeten qualitativ héichwäertech Spëtzentechnologie zur Verfügung, ënnerstëtzt vun engem professionellen Iwwerwaachungszentrum, Gs4 Lëtzebuerg, dee permanent mat de Rettungsdéngschter an der Police a Verbindung steet.