Alarmanlag mat Dampentwécklung

You are here

Alarmanlag mat Dampentwécklung

D'Alarmanlag mat Dampentwécklung, en efficacet Antivol-Instrument

Et handelt sech hei ëm e ganz performante System, deen immens efficace ass. Et ass e Complement zu de klasseschen Alarmanlagen. Déi lescht Generatioun vun Alarmanlage mat Dampentwécklung verhënnert Abréch a bekämpft Verbriechen. Dësen Equipement projezéiert e ganz puissanten Dampvolumen vu 600 bis 2200 m2 pro Minutt. An 20 Sekonnen gëtt en décke Rideau aus Niwwel projezéiert, deen all Reperage onméiglech mécht. Béi engem grousse Bureau oder Geschäft dauert dat manner wéi 20 Sekonnen. Et ass also fir en Abriecher onméiglech, sech ze situéieren an erëmzefannen a Wäertsaachen ze klauen. Dës komplementär Optioun ass eng ideal Léisung, fir sech virun Delinquenten, Abriecher oder Vandalen ze schützen. D’Equipement ass gëeegent fir professionell genotzte Raim, kann awer och an Appartementer oder Familljenhaiser installéiert ginn.


En Devis ufroen

Presentatioun: Alarmanlag mat Dampentwécklung


Kompatibel mat der existenter Konfiguratioun

Den Dampsystem gëtt nieft déi existent Alarmanlag installéiert a kann deemno zu all Moment dobäigesat ginn. Aktivéiert gëtt en automatesch an zum selwechte Moment, wou och den Hausalarm aktivéiert gëtt. Äert Haus. Appartement oder Geschäft ass domat efficace geschützt, bis d'Police op d'Plaz kënnt.

D'Alarmanlag mat Dampentwécklung ass eng gesond Léisung a komplett onbedenklech fir Kanner, Erwuessener an Déieren. De benotzten Damp léisst kee Stëbs zeréck an ass domat kee Problem fir Är Geräter, elektronesch Apparater an anert Material.


Vivacitéit

  • Den Intrus gouf erkannt, d'Damp-Alarmanlag gëtt ausgeléist an den Niwwel verbreet.
  • An ronn 10 Sekonnen neutraliséiert den Damp 80% vun der Visibilitéit.
  • 20 Sekonne méi spéit besteet iwwerhappt keng Visibilitéit méi, et ass deemno onméiglech, op der Plaz eppes ze gesinn.

    • D'Plus-Punkten

      • Äer Bienen gi bannent Sekonnen onsichtbar a sinn domat geschützt.
      • Verloschter gi gëtt verhënnert oder limitéiert.
      • D’Interventioun ass gesondheetlech onbedenklech a respektéiert d'Ëmwelt sowéi och d'Géigestänn an d'Persounen.
      • De Vandalismus gëtt limitéiert.
      • Keng Alteratioun vun den Donnéeën.
      • Den Präis vum Equipement ass abordabel.