Alarmanlage mat an ouni kabel

You are here

Eurotec clavier coder

Mat AT-Electronics hutt Dir Iech fir maximal Sécherheet entscheet!

  • Eurotec a Jablotron, Experte-Marke fir Professioneller
  • Know-how, dat iwwer 25 Joer gewuess ass
  • Innovativ Produiten mat Spëtzentechnologie
  • Zouverlässeg a performant Alarmzentralen
  • Benotzerfrëndlech an Design Interfacen
  • Permanent Striewen no Exzellenz
  • Efficace, polyvalent a flexibel Apparater
  • Geneeste Supervisioun op der Plaz oder aus der Distanz
En Devis ufroen

Alarmanlag ouni Kabel

Alarmes sans fil 1
Einfach Telecommande mat 4 Programmatiounsknäppchercher.
Alarmes sans fils 2
Funkempfänger mat 868 Mhz. Modulabel Schmuelbandfrequenz.
Alarmes sans fils 3
Kabellose Magnéitkontakt un Dieren a Fënsteren.
Alarmes sans fils 4
Infrarout-Bewegungsmelder, mat 15 Meter Räichwäit a bis zu 90° Wénkel.
Alarmes sans fils 5
Rauchmelder ouni Kabel

Wéi funktionéieren EUROTEC Anlagen

D’EUROTEC-Zentrale sinn hybrid a kënne mat oder ouni Kabel benotzt ginn. Si passe sech deemno un Är Besoinen an Är Situatioun un. Fir Iech 100%eg Satisfaktioun ze garantéieren:

  • Detektéiere si Beweegungen a physesch Stéiss (z.B. ageschloe Fënster) iwwer Wellen (Hyperfrequenz an Infrarout) an enregistréiere Geräischer aus der Distanz. Nodeems Ären Alarm iwwerpréift gouf (Optioun Audio), kann d’Police am Fall vun engem Abroch direkt agräifen.
  • Kontrolléiere si d'Accèsen zu sensibele Beräicher, nodeems Dir déi gewënschten Auerzäite festgeluecht hutt.
  • Stéiere si Hausautomatiounssystemer: Uschalte vun der Baussebeliichtung, vun elektresche Rolllueden, vun Ärem Heizungssystem,...


Dir kënnt Är EUROTEC-Zentrale ganz kamoud steieren:
Digitale Boîtier de commande – Telecommande - Magnéitbadge - Aus der Distanz iwwer Smartphone


Wéi funktionéiere Jablotron-Zentralen

Jablotron Zentrale bidden Iech mat hirem hybride System mat oder ouni Kabel grousse Konfort a komplett Satisfaktioun. Wat si besonnesch auszeechent si folgend Optiounen:

  • Déi einfach Konfiguratioun vun den eezelne Sektiounen, ganz no Äre Besoinen
  • Verschidden Detektore mat modernem Design
  • Dektektoren, déi un déi verschidden Zorte vun Infraktiounen ugepasst sinn (Abroch, ageschloe Fënsteren, Vibratiounen, Aushiewelung) fir Är Dieren an Fënsteren
  • Detektore fir Schutz am Haushalt: Damp, Temperatur, Gas, Mikrowell, Iwwerschwemmungen
  • Kamera mat integréiertem Blëtz bei der Gamme vu PIR Detektoren
  • Am Commande-Panneau integréierte Sender, dee bis zu 120 Adressen an Honnerte vun Utilisateuren ophuele kann
  • No der Norm EN50131 certifiéiert, Sécherheetsgrad 2
  • Einfach accessibel iwwer d'Software F-link an d'Internetinterface "MY Jablotron”

Alarmanlag mat Kabel

Alarmes avec fils 1
Bewegungsmelder mat Kabelverbindung, duebler Technologie, disponibel an der Versioun Infrarout passiv oder kleng Déieren. Héich Performance fir all Uwendungen.
Alarmes avec fils 2
Peripheriedetektor: Magnéitkontakt.
Alarmes avec fils 3
Bewegungsmelder fir baussen : toleréiert Déieren, detektéiert awer Leit, déi ronderem d'Haus erëmdreiwen.





Wéi funktionéieren EUROTEC-Zentralen









Presentatioun Jablotron


Kontaktéiert AT-Electronics
Gratis Devis iwwer d'Telefonsnummer
+352 26 61 56 71
oder fëllt eise Formulaire aus »