Feieralarmanlagen

You are here

Feieralarmanlagen

Performant a polyvalent Feieralarmzentralen

Bei engem Feier kënnen all Är Saache bannent e puer Minutten verbrennen. Fir ze verhënneren, dass Äert Haus oder professionell genotzte Raim zerstéiert ginn, mä virun allem fir d'Persounen ze schützen, schreift d'Gesetz d'Installatioun vun engem Feiermeldesystem vir.

Eis Systemer detektéiren all Feier, soubal et entsteet, melden et an ginn d'Informatioun à distance weider (Optioun). Si garantéieren och d'Sécherheet vun ofhängegen, eeleren, mannerjäregen oder handicapéierte Persounen. Soubal den Alarm ausgeléist ass, gëtt d'Informatioun un déi vun Iech bestëmmte Persounen an Hëllefsdéngschter, déi an engem Noutfall schnell agräife kënnen, weidergeleet.



NAPCO Feier-Kit

Feieralarmanlagen
  • 1 konventionelle Feieralarmzentral
  • 4 optesch Feierdetektoren
  • 4 Kontrollberäicher an deenen d'Detektoren aktiv sinn
  • 1 Sireen mat Flash
  • 2 Contacteure mat engem Reset-Schlëssel
  • 1 12V Batterie, déi matgeliwwert gëtt

    Gasdetektor

    Gasdetektor

    Gas gesäit a richt een net, en ass dofir eng reell Gefor fir Persounen a Géigestänn.

    Eis Gasdetektoren erkennen all anormal Konzentratioun vu Gas, wéi den CO2, Kueledioxid oder CO, Kuelemonoxid an eliminéieren esou all Explosiouns- oder Erstéckungsrisiko.

    Gasdetektore ginn an der Géigend vun Apparaten, déi mat Gas betriwwe ginn (Gasuewen, Chaudière oder Boiler), placéiert a suergen esou fir gréisstméiglech Sécherheet.