Zu Lëtzebuerg geschitt all 2 Stonnen en Abroch

You are here

Zu Lëtzebuerg geschitt all 2 Stonnen en Abroch

Sitt net dat nächst Affer

Wann et zu engem Déifstall nom Abroch kënnt, affektéiert dat net nëmmen déi Saachen, déi geklaut goufen. Am Contraire, en Abroch huet Auswierkungen op d'Persoun, op dat affektiivt, physescht a mentaalt Wuelbefanne vum Mënsch. Duerch den intrusiven a gewaltsame Charakter bedréit en d'Sécherheet vun de Persounen, déi duerno oft ënner psychesche Stéierunge leiden. Oft mengen d'Leit, si hätte sech genuch virun esou verbriecheresche Manövere geschützt. An awer beweisen d'Fakten de Géigendeel. Zu Lëtzebuerg kënnt et effektiv all zwou Stonnen zu engem Abroch. Amplaz also am Noenann Schied ze reparéieren ass et deemno besser, schonn am Virfeld fir d'Sécherheet vun Äre Léifsten an Äre Wäertsaachen ze suergen. Wann et ëm hir Sécherheet geet, da vertraut op AT-Electronics.

E Mangel u Virsiicht mécht den Abriecher et méi einfach

Fir vill Leit geet et duer, keng Wäertsaachen oder grouss Zomme Geld am Haus ze hunn oder géint Abroch verséchert ze sinn. Anerer mengen et géif duergoen, e puer Schlässer oder grouss Paarten ze hunn, fir Abriecher vun hirer Absicht ofzebréngen. An déi fatalistescht ënnert eis denken, dass ee géint e feste Wëlle souwisou guer näischt ënnerhuele kann. Grad doriwwer freeë sech d'Verbriecher. Well bei dëser limitativer Visioun gëtt nëmmen de materiellen Aspekt vum Problem a Betruecht gezunn. Wéi awer schon ugedeit huet en Abroch och indirekt Auswierkungen op de Mënsch an esouguer heiansdo physesch Auswierkungen, z.B. wann et zu engem Kampf kënnt. Aussderdeem droen och schutzbedürfteg Persounen, déi an hirer Intimitéit touchéiert goufen, oft schwéier Schied dovun, déi nëmme lues heelen. Verséchert sinn ass eng Saach, dat hëlleft awer nënmmen a posteriori a reparéiert och nëmme materiell Verloschter. Affektiv a psychesch Verletzunge kënnen net "reparéiert" ginn. Doriwwer eraus verfügen d'Verbriecher oft iwwer Mëttel an Erfahrung, fir déi en einfacht Schlass e liicht Spill ass. Mä am Géigesaz zu deem wat resignéiert Fatalisten denken, ginn et Léisungen, déi ofschreckend wierken, déi warnen an en Abroch méi schwéier maachen oder esouguer ganz verhënneren.

Finanziell Accessibilitéit

Mir all wëssen, dass psychesch a physesch Sécherheet méi wichteg ass wéi d'Sécherheet vu materielle Wäertsaachen. An awer si vill Leit decouragéiert vun den oft héije Käschte vun Alarm- an Iwwerwaachungssystemer wa se net esouguer d'Efficacitéit vum Produit ganz a Fro stellen. Dobäi ass d'Sécherheet vill ze wäertvoll, fir se ganz ze ignoréieren.

Wéi assuréiert een d’Sécherheet vu senge Léifsten a Wäertsaachen

Et kann ee seng Sécherheet souwuel iwwer e virsiichtegt Verhale wéi och iwwer technesch Moyenen assuréieren.

Verhalensaspekt

Wann Dir ongewéinlech oder beonrouegend Verännerunge feststellt, sief et bei Iech oder bei Ären Noperen, dann alarméiert d'Police. Wann Dir eng Alarmanlag hutt, dann aktivéiert se. Weist och Är Präsenz am Haus. Maacht Är Rolllueden op, d'Luucht un, a wann Dir iwwert e System verfüügt, deen aus der Distanz gesteiert ka ginn, da programméiert d'automatescht Opmaachen. Wann Dir eng Vertrauenspersoun an Ärer Noperschaft hutt, da frot si fir d'Bréifboîte eidel ze maachen, d'Luuchten unzemaachen. Wann Dir an d'Vakanz gitt, informéiert d'Police zu Lëtzebuerg, si kënnen da punktuell Kontrolle maachen. Am Fall vun engem Abroch, evitéiert eng Konfrontatioun mam Abriecher, mä manifestéiert Iech an alarméiert d'Police.

Techneschen Aspekt

Fir Abréch ze limitéieren, setzt op Präventioun, Iwwerwaachung an Alerte. Virun allem kënne mat enger Iwwerwaachungskamera an e puer Detektoren, déi d'Andréngen an Är Proprietéit melden, eventuell Verbriecher ofgeschreckt ginn. Alarmanlagen, déi op verschidden Zorte vun Effractiounen ugepasst sinn, warnen Iech och, wann z.B. Glas duerchgeschloe gëtt. Och Alarmanlagen ouni Kabel sinn en efficacet Mëttel, fir Iech géint Abréch ze schützen. Alarmzentralen warnen net nëmmen déi Leit, déi Iech nostinn, mä och Persounen, déi Iech hëllefe kënnen. Eis Equipementer ëmfaassen och Alarmanlagen, déi den Täter dorun hënneren, seng Strofdot auszeféieren, z.B. duerch d'Ejektioun vun engem Niwwelrideau, deen all Reperage onméiglech mécht. D’Video-Iwwerwaachung ass och en zousätzlecht an nëtzlecht Beweismëttel fir d’Police a fir d’Assurance. Zéckt och net, déi méiglech Zougäng zu sensibele Beräicher ze limitéieren. Dofir kënnt Dir Iech mat Präventiounssystemer equipéieren, wéi z.B. Logiciellen, déi digital funktionéieren oder mat engem Badge, fir verschidden Dieren opzemaachen.

Wéi Dir also gesitt, fir Är Sécherheet an déi vun Äre Léifsten an Äre Wäertsaachen ze assuréieren musst Dir gutt iwwerleeën a virsiichteg handelen.