Déi verschidden Uwendungen vun Alarmanlagen mat an ouni Kabel

You are here

Déi verschidden Uwendungen vun Alarmanlagen mat an ouni Kabel

Ënnerscheeder tëschent Alarmanlagen ouni Kabel an deene mat Kabel.

Dir wëllt Är mobil an immobil Verméigenswäerter, Är professionnel a privat genotze Raim schützen, Dir wësst awer net, wéi e Sécherheetssystem Dir benotze sollt. An Zäiten, wou et ëmmer méi Abréch ginn an d'Techniken sech ëmmer weider verbesseren, ginn Alarmsystemer genotzt fir ofzeschrecken an Abréch sowéi Déifstall ze verhënneren. Oder Dir wëllt d'Leit, déi Iech nostinn an Är Verméigenswäerter virun natierleche Schied oder Schied am Haushalt schützen? Mir erklären Iech an dësem Artikel, wéi eng Produiten am beschte bei Är Situatioun an Är Contraintë passen.

Opkomme vun den Alarmsystemer

Alarmsystemer solle viru Gefore warnen. Dat kann eng Situatioun sinn, an där Liewen oder Bienen a Gefor sinn, et kann awer och en techneschen Defekt sinn. AT-Electronics bitt virun allem e System, fir Är Wäertsaachen an Är Léifsten géint intentionnell an deliktuell Risike sowéi och natierlech oder mam Haushalt verbonne Risiken ze schützen. Alarmanlagen existéiere säit dem 20. Jorhonnert, si goufen erfonnt vum Kaya Ryoi.

Et ass allerdéngs eréischt géint den Ufank vum 21. Jorhonnert, wou d'Alarmanlag e Masseproduit ginn ass. Wa si um Ufank nach fir professionell Zwecker oder de finanziell gutt gestallte Leit virbehale war, ass si elo fir d'Gesamtbevëlkerung abordabel. Duerch dat modernt urbaant Liewen ass de Besoin no enger natierlecher Protektioun geklommen. Och d'Liewen an engem Appartement erhéicht d'Risike vun Accidenter wéi Bränn, Iwwerschwemmungen, Emissioune vu Kuelegas oder Kuelemonoxid.

Parallel dozou verstäerkt déi steigend Delinquenz a Kriminalitéit de Leit hire Besoin no Sécherheet. Dofir gräife Privat- a Geschäftsleit op ofschreckend a präventiv Alarmsystemer souwéi op informativ Systemer, déi nom Abroch ausgeléist ginn, zeréck. Si sinn drop ausgeriicht, den Abricher ofzeschrecken, mä och viru senger Präsenz ze warnen an d'Hëllefsdéngschter ze allarméieren.

Wéi funktionéieren Alarmanlage mat an ouni Kabel

Alarmanlage funktionéieren ënnerschiddlech, jee nodeem, ob si eng Kabelverbindung hunn oder net. Déi éischt ëmfaassen Detektoren, eng Alarmzentral, eng Sireen, si funktionéiere mat enger Telecommande an hir Installatioun hänkt vun der Zuel vu Raim an Ärer Wunneng of. Si musse vun engem Professionnellen installéiert ginn an hunn entspriechend e gewësse Präis. Alarmanlage mat Kabel hu méi en héije Sécherheetsniveau wéi déi ouni Kabel, an och méi eng laang Liewensdauer.

AT-Electronics schafft mat héichmodernen Alarmanlagen mat Kabelverbindung: si si mat engem Bewegungsmelder mat Kabelverbindung equipéiert, deen an der Infrarout-Versioun disponibel ass an och fir kleng Déiere kann adaptéiert ginn. De Peripherie-Detektor ass magnéitesch an de Bewegungsmelder fir baussen detektéiert selektiv Leit, déi sech erëmdreiwen. Déiere ginn toleréiert, Abricher dogéint gemellt.

Eng Alarmanlag ouni Kabel funktionéiert duerch d'Emissioun vu Radioswellen. Hir Installatioun ass méi einfach an d'Käschte si méi niddreg wéi bei den Anlage mat Kabel, well kee Chantier néideg ass. Duerch hir héich Qualitéit ass hir Efficacitéit mät där vun Alarmanlage mat Kabel vergläichbar. Fir d'Effizienz ze garantéieren, sinn d'Radiosignaler codéiert: domat gi Verwiesselungen tëschent den Apparater an och Piratage ausgeschloss.

Bei AT-Electronics sinn d’Alarmanlagen ouni Kabel mat engem Radioempfänger vun 968 Mhz equipéiert. Si kënne magnéitesch un Dieren a Fënsteren opgehaange ginn, detektéiere Bewegungen infrarout bis zu 15 Meter a 90° a kënnen iwwert eng Telecommande gesteiert ginn. AT-Electronics kann och Rauchmelder ouni Kabel ubidden.

Hybrid Produiten vun EUROTEC a JABLOTRON bei AT-Electronics

Wann Dir vill verschidde Plazen ze protegéieren hutt, dann ass et bestëmmt schwéier, Iech tëschent fixen oder mobillen Anlagen ze decidéieren. Aus deem Grond bitt AT-Electronics, Fournisseur vu Spëtzentechnologie, Iech hybrid, d.h. gemëschten Anlage un. An hire polyvalenten Zentrale kënnen Är Komponente mat oder ouni Kabel matenee verbonne ginn, d'Zentral geréiert all d'Signaler a Meldungen.

EUROTEC Systemer detektéiere Beweegungen, physesch Stéiss, Geräischer, si kontrolléieren den Accès zu sensibele Beräicher a kënnen esouguer verschidden Operatioune stéieren wéi d'Uschalte vun der Baussebeliichtung, d'Op- oder Zoumaache vu Rolllueden, d'Uschalte vun Ärem Heizungssystem, asw. Si kënnen och aus der Distanz, z.B. vun engem iPhone aus, gesteiert ginn.

JABLOTRON Zentralen hunn en aktuellen Design an ëmfaassen Detektoren, fir Haushalts- an Abrochrisiken ze verhënneren, Kamerae mat integréiertem Flash, e Sender, mat deem Dir bis zu 120 Adressen warne kënnt, an d'Méiglechkeet, Äre System iwwert eng Internetinterface ze kontrolléieren. Egal ob Dir Äert Haus, Äert Geschäft, Är professionnel genotzte Raim, Är Bannen- oder Bausseberäicher schütze wëllt, ob Dir op der Plaz oder fort sidd, hei kënnt Dir en fonction vun Äre Besoinen tëschtent de Systemer mat oder ouni Kabel oder dem hybride System hin an hierjongléieren. AT-Electronics garantéiert Iech 100%eg Satisfaktioun.