Protegéiert déi Léit, déi Iech nostinn an Äert Eegentum mat eisen Alarmsystemer d'alarmes

You are here

Protegéiert déi Léit, déi Iech nostinn an Äert Eegentum mat eisen Alarmsystemer d'alarmes

Alarmsystemer assuréieren Är Protektioun

Dir musst aus beruffleche Grënn fortgoen oder wëllt an d'Vakanz fueren. Egal ob Äre Sejour e puer Deeg oder e puer Wochen dauert, déi rezent Noriichte beonrouegen Iech. Duerch déi steigend Zuel un Abréch an anere Verbriechen hutt Dir kee gudd Gefill dobäi, Är schéi Wunneng ouni Surveillance ze loossen. A weder Äre Neveu nach e Student oder ee vun Ären Nopere kéinten en A drop halen, dass keen bei Iech abrécht. Wat also an deem Fall maachen? Amplaz an eng Surveillance duerch Leit ze investéieren, profitéiert léiwer vun de AT-Electronics Alarmsystemer. Domat kënnt Dir souwuel Verbriecher ofschrecken an Abréch oder Schied verhënneren wéi och Beweiser sammelen an den Abroch melden.

Ofschreckung duerch Alarmsystemer an hir Zentralen

Dir wësst, dass zu Lëtzebuerg, wéi och soss dorëmmer, d'Kriminalitéit ëmmer méi zouhëlt. An dat och, wëll hautesdaags d’Abriecher iwwer vill Tricker an technologesch Produiten verfügen. Also, amplaz d'Sécherheet vun Äre Wäertsaachen dem Zoufall ze iwwerloossen hutt Dir decidéiert, Iech besser ze equipéieren, wéi nëmme mat engem Schlass oder enger Paart. An Dir huet och Recht. D’Alarmsystemer an -zentralen schrecken of a verhënneren Abréch.

Abriecher attackéieren normalerweis nëmmen isoléiert, eidel Wunnengen, an déi ee liicht erakënnt. Dofir wierke Systemer fir d'Video-Iwwerwaachung an Alarmanlage staark ofschreckend. D'Gefor, erwëscht, gefilmt oder vun der Police gefaang ze ginn, ass effektiv ze grouss. AT-Electronics bitt Iech déi ganz Gamme u Material am Beräich vum Alarm, der Iwwerwaachung an der Kontroll un.

Dir hutt de Choix tëschent Alarmanlage mat oder ouni Kabel oder hybrid Systemer, Bannen- a Baussenanlagen, Infrarout-Systemer, Zougangskontrollsystemer an Tele-Iwwerwaachung. Ausserdeem kënnt Dir e Schëld "Propriété sous surveillance" ubrénge loossen. Ausserdeem bidden déi technologesch héichentwéckelt Produiten vun AT-Electronics Iech d'Méiglechkeet, dës Elementer aus der Distanz ze steieren an esou den Androck ze ginn, Dir wäert doheem.

Gesteiert gëtt dës Hausautomatioun iwwer d'Zentral vun der Alarmanlag, déi iwwer Programmatiounssoftware an Interfacë verfüügt. D'Zentrale vun EUROTEC passe sech un all Är Besoinen un. Egal ob Dir kleng oder grouss Beräicher géint Abréch schütze wëllt, dës Zentrale gëtt et zu Lëtzebuerg mat oder ouni Kabel. Si erlaben Iech och, eng ganz Rei vu Commanden aus der Distanz auszeféieren.

Sou kënnt Dir zum Beispill iwwert déi Interface d'Beliichtung bannen oder baussen aktivéieren, Rolllueden op- an zoumaachen, Ären Heizungssystem uschalten, de Bewässerungssystem uschalten. Dir hutt vill Méiglechkeeten fir Är Proprietéit an engem gudden Zoustand ze halen an dobäi den Androck ze ginn, dass Dir doheem sidd. Mat dëser Taktik ka verhënnert ginn, dass Pläng fir anzebriechen iwwerhaapt entstinn.

Fir Iech awer géint hartnäckeg Missetäter ze schützen, bitt AT-Electronics Iech eng komplett Gamme vu Produiten fir Iech ze warnen a Beweiser ze sammelen.

Produiten vun AT-Electronics fir Iech ze warnen an Täter ze identifizéieren

Bei engem versichten Abroch kënnen eis Systemer Äert Ëmfeld an d'Autoritéiten duerch d'Ausléise vun engem Alarm warnen awer och d'Abriecher filmen, fir spéiderhi Beweiser ze hunn. D'Alarmzentralen spillen eng besonnesch wichteg Roll, wëll si detektéieren iwwer Wellen Beweegungen oder physesch Stéiss, späichere Geräischer a kontrolléieren den Accès zu sensibele Beräicher.

Mat den Zentrale vu Jablotron kënnen d'Iwwerwaachung an d'Detektoren en fonction vun Äre Besoinen an de méigleche Geforen konfiguréiert ginn, woubäi ee wësse muss, dass et vill verschidden Zorte vun Detektore gëtt. Si sinn ausserdeem mat Kameraen an integréiertem Flash equipéiert a mat engem Sender, mat deem Dir bis zu 120 Kontakter parametréiere kënnt. Iwwert dëse Wee gëtt d'Zentral d'Informatioun direkt un Iech, un Är Kontakter an un d'Police zu Lëtzebuerg weider.

Mat der Tele-Iwwerwaachung kënnt Dir den Abroch ausserdeem filmen an Dir hutt e Beweis. E wichtegt Element, fir d'Assurance spillen ze loossen an Äre Schued ersat ze kréien. Ausserdeem ginn dës Alarmzentrale geréiert vun enger Iwwerwaachungs-Equipe, an Zesummenaarbecht mat eisem Partner Securlink. Si sinn 24St/24 an 7D/7 disponibel a warnen déi Persounen an d'Hëllefsdéngschter, déi Dir am Virfeld bestëmmt hutt.

Zéckt net fir eis ze kontaktéiren an e gratis Devis unzefroen.